Zesumme mat den Hechtercher aus der Stad huelen d'Izeger Heebléiser iech mat op ee musikaleschen Tour
duerch d'Land.
Vum Minett geet et an d'Éisleck laanscht
den Théiwesbuer, duerch de Breedewee an d'Siichegaass, iwwer d'Musel an
d'Atert. Dobei ootme mer d'Heemechtsloft a spillen tëscht Bëlleg a
Schengen d'Lidder vum Muselgreechen an em Kätche seng gutt Pättercher.
Hei kënne mer net bleiwen a mir maachen ons op de Wee iwwer Boermereng bei d'Maus Ketty, wou de wäisse Flieder bléiht an déi kleng gréng Kaktusse picken. Mir dreeme vun den Tulpen aus Amsterdam oder de wäisse Rousen aus Athen. Mee jidderee weess, l'important c'est la rose a Rouse vu Lëtzebuerg fënnt een uerchter d'ganzt Land.
Nodeem ee klengen Himpchen ons gestärkt huet si mer nees um Dill a begleeden zu Conter de Batman, d'Flintstones, den Tintin a soss nach imaginär Figuren aus internationale Cartoons duerch de Festival.
Op onser Rees hu mer dann och nach d'Geleegenheet fir d'Footballslidd fir den FC Schinnegebeess, e Medley vun den Dëppegéisser an den Amiperas-Marsch fir déi méi eeler Semesteren ze spillen.
Wann deen Een oder Anere Loscht huet fir dëss gutt gelaunte Reess ze erweideren, da loost ons et wëssen. D'Heebléiser sinn um Dill a kënne sech mat engem ugepasste Répertoire, deen iwregens komplett vum Luc Rollinger arrangéiert ass a permanent erweidert gëtt, presentéieren.