Wëllkomm
Merci dass der bei der Izeger Musik era luusst.
D'Izeger Musek gouf 1920 gegrënnt a gehéiert zanterhier zum kulturellen Duerfliewen.
Haut besteet de Veräin aus enger dynamescher Equipe vun ca. 50 Musikanten, déi bei all Manifestatioun am Duerf fir déi adequat Stëmmung suergt. Doriwwer eraus vertrëtt d'Izeger Musek d'Duerf iwwer d'Grenze vun der Hesper Gemeng eraus, sief et duerch sëlleche Concerten oder duerch Optrëtt vun der Strëpp, den Heebléiser.
All Saison studéiert a presentéiert d'Izeger Musek, ënner der Direktioun vum Lynn Mohr dräi Programmer. E Galaconcert am Fréijoer, e lëftege Summerprogramm an e Chrëschtconcert. De Repertoire ass enorm a geet duerch all Beräicher vun der Blosmusek.
D'Stëmmung an der Musek ass richteg gutt an den Asaatz vun de Musikanten an alle Leit ronderëm ass enorm. Am Schnëtt huet d'Fanfare am Joer ca. 30 Manifestatiounen déi an enger flotter Ambiance iwwer d'Bühn ginn.
Groussen Ensembel
De groussen Ensembel besteet aus allen Izeger Musikanten, souwuel de jonke wéi och den net méi esou jonke Leit. All musikaleschen Niveau ass vertrueden, vum Ufänger bis bei de professionelle Musikant. Geprouft gëtt d'ganzt Joer fir déi grouss Optrëtter, wéi Galaconcert, Chrëschtconcert oder soss Concerte bei méi festleche Geleeënheeten.
Heebléiser
D'Strëpp vun der Izeger Musek, d'Heebléiser, ass oft dobäi wann eng Kaz geschleeft gëtt a spillt ëmmer dem Evenement ugepasste Stëmmungsmusek. Am Repertoire si bekannte Lëtzebuerger Lidder fir matzesangen, mee och international Schunkellidder oder bekannte Chansonen a Filmmusek déi vum Luc Rollinger op d'Mooss arrangéiert ginn.
Conseil d'administration
D'Fanfare Izeg a.s.b.l. gëtt vun engem Conseil d'administration vun 9 Leit geleet.
Déi sinn ëmmer gutt beschäftegt fir déi sëlleche Manifestatioune
vun der Musek ze organiséieren an ze finanzéieren.
Weider Detailer...
Museksall a Prouwen
De Sëtz vun der Musek ass am Gebei vun der Aler Schoul zu Izeg No. 3, op der Hesperstrooss. Hei profitéiere mir vun engem schéine Museksall, dee mir 2003 aweie konnten. Mir prouwe regelméisseg freides vun 19H30 bis 21H30. Déi ganz jonk Musikante kënne schon um 20H30 an d'Bett goen an déi méi eeler bleiwe meeschtens e bësse méi laang.
Centre culturel CELO
Programm an Engagementer
Am Prinzip gëtt de Programm vun der Musek ugangs der Saison festgeluecht an da mat der Zäit ugepasst. Mir freeën ons op all Engagement a mir si fir all nei Experienz op, souwäit wéi et zäitlech ze arrangéieren ass. Wann Dir interesséiert sidd, un engem Concert oder engem Optrëtt vun den Heebléiser, da frot d'Detailer bei onsem Sekretär no.
Ons Nolauschterer a Supporteren
Alles wier net esou cool ouni ons trei Supporteren. Hinne gehéiert onse Merci a mir freeën ons, wann esou vill Leit wéi méiglech ons lauschteren a sech mat ons zesummen ameséieren.
Hutt dir Loscht fir matzespillen?
Dir spillt een Instrument a wëllt zesumme mat frëndlechen a gutt gelaunte Musikante spillen. Ons grouss Prouwe sinn am Prinzip all Freides um 19:30 Auer am Musekssall zu Izeg (Programm). Kommt dohinner a freet Iech fir an enger sympathescher Equipe mat ze spillen.